Municipality life
- Police and fire brigade
- Culture
An hirer Generalversammlung huet d’SMAL op dat lescht Joer zréck gekuckt : Prouwen, Concert-ën uechter d’Land, Sprangprëssëssioun zu Iechternach, Organisatioun vun der « Journée de l’Accordéon ». Déi finanziell Situatioun vum Veräin ass gesond ; d’Keess gouf exemplaresch gefouert.
Am Comité goufen d’Mandater vum Raymond Mahnen (President) a vum Guy Schmit erneiert, an de Romain Kraus ass well neie Member. De Fernand Buchholtz ass Vizepresident, de Brice Junius Tresorier an d’Monique Buchholtz-Feitler Member vum Comité.
De President huet am Numm vun allen Aktiven dem Här Felix Hausemer, deen aus gesondheetlechen Uersaachen ophällt, villmools merci gesot an him eng Plakett iwwerreecht.
De Felix Hausemer huet 1942 mam Accordéon beim Albert Moes, Grënner vun der SMAL, ugefaang. Zënter 1976, wéi den Här Moes him den Dirigentestaw iwwergin huet, ass den Här Hausemer Dirigent vun der Société Municipale des Accordéonistes de Luxembourg, diem eelsten Accordéons-Orchester hei am Land.
Der Traditioun trei huet den Här Hausemer bei der Geleeënheet vun deser Generalversammlung d’Baguette un de Romain Kraus iwwerreecht, dee selwer net nëmmen aktiv ass am Accordéons-Orchester, mee och an der Bartrénger Musek.
Bei enger gudder Schlippchen an engem gehärzte Maufel huet de Veräin dem Felix Hausemer gratuléiert fir seng Ernennung zum Éirendirigent an dem Romain Kraus fir seng Promotioun zum Dirigent.
D’SMAL emfielt sech, fir och op Ärem Fest, Bazar oder bei enger anerer Geleeënheet mat engem Bouquet bekannte Melodien Ärem Public e kuerzweiligen Nomëtteg oder Owend ze bidden.
Weider Detailer fant Dir ënnert www.accordeon.lu.