3 Scheckiwerrechnungen vum Lënster Bicherclub Luxemburgensia

De Lënster Bicherclub Luxemburgensia huet sech an de leschten Deeg zesummegetraff fir Don’n vun 3 x 3 000 €,  vum Verkaf vu gebrauchte Bicher am Joer 2023 u verschidden Associatiounen a Grondschoul  auszedeelen.

Jeeweils 3000 € kruten d'école fondamenale (Grondschoul) vu Gonnereng, d'Association " Il était une fois... asbl " (Bibliothèque multilingue fir Kanner vun 0 bis 10 Joër) an d'Organisateuren am Kader vum LITERATOUR2024 („Prix Laurence“).


De Lënster Bicherclub weist drop hin datt deen nächste grousse Bicherverkaf fir 1 € de Kilo, e Samschdeg, den 11. Mee am Haff vum Bicherbuttek zu Eschweiler stattfennt.


De Bicherbuttek huet all Samschdeg tëschent 14 a 17 Auer op. Hei kann ee Bicher zu engem faire Präis kafen oder och ofginn, den Erléiss vum Verkaf ass fir e gudden Zweck.Weider Informatiounen:Lënster Bicherclub Luxemburgensia, 5 rue de l’Ecole zu Eschweiler www.bicherclub.lu , op Facebook an op Instagram.