D’Amicale des Anciens vum FC. Red Black Pafendall zu Mainz.

Fir hiert traditionellt Treffen haten déi Responsabel vun der Amicale des Anciens vum FC Red Black Pafendall dëst Joer een Ausfluch op Mainz geplangt. Freides de 26. Abrëll, pünktlech um 7 Auer goung d’Rees fir eng 24 Leit am moderne Bus vum Emile Weber zu Beetebuerg lass.

Zu Kaiserslautern am Hotel-Restaurant Barbarossahof gouf eng kleng Paus ageluecht fir Kaffi ze drénken an sech ze stäerken, éiert et weider an den Hotel Hilton goung, deen direkt um Rhäin läit, a wou och d'Spiller an de ganze Staf vum FC Köln logéiert hunn. Fir déi eng war et du schonn héich Zäit fir un den Apero ze denken, anerer hu profitéiert fir op där schéiner Promenade laanscht de Floss ze flanéieren.

Nom Mëttegiessen am Altstadt Augustinerkeller, huet schonn de sympathesche Guide gewaart fir dem Grupp dat gëllent Mainz mat senge Gebaier, Kirchen, Denkmäler an allerlee Geschichten ze presentéieren. Weltberüümt sinn jo de Johannes Gutenberg Musee an d’Fënstere vum Marc Chagall an der St Stephan Kiirch.

Um Samschdegmuere stoung dunn eng Visite vum Mainzer Dom um Programm wou och de Grafstee vum Péiter vun Uespelt steet, duerno war en Tour iwwert de grousse Maart um Liebfrauenplatz geplangt, wou och e sëlleg Wënzer hir Stänn opgeriicht haten. Vum fräie Mëtteg gouf du profitéiert vir an der schéiner Mainzer Aalstaad gemittlech ze shoppen.

Zu Frankfurt um Main konnt déi ganz Equipe um Sonndegmueren vun engem Schëff aus déi impressionnant Skyline vun der Stad bewonneren. Ee geféierten Tour mam Thema Äppelwäin ass vum Römerberg aus duerch d’Alstad gaang, déi am 2. Weltkrich komplett zerstéiert gouf, a wou bis 2018 eng 35 Haiser erëm deels original getrei opgebaut goufen. Iwwert d’Alte Brücke ass et dunn an d’Grosse Rittergasse gaang wou de Grupp an engem gemittleche Restaurant déi verschidde Frankfurter Spezialitéiten an Äppelwäiner genéisse konnt.

Am spéide Mëtten ass et dunn erëm zeréck op Mainz gaangen, wou eng 15 Fussball begeeschtert Fraen a Männer an der MEWA Arena e spannende Mätsch tëscht dem FC Mainz 05 an dem FC Köln (1-1) erlieft hunn.

Méindes ass dunn erëm Wallis gepaakt ginn, an um Wee fir heem ass nach am Kloster Eberbach zu Eltville Wäi geschmaacht ginn, ier et no engem gudde Mëttesiessen zeréck op Beetebuerg gaangen ass.

Dësen Ausfluch war wéi ëmmer beschtens organiséiert, d’Stëmmung war gutt an enger Editioun 2025 steet näischt méi am Wee.