Generalversammlung vun der Chorale Ste-Cécile Walfer

03
Apr
2024
03 Apr

De 7te Mäerz huet d'Walfer Chorale hir Generalversammlung ofgehal. De President Jos Turmes war frou esou vill Member a Gäscht begréissen ze kennen. Virop de Buergermeeschter François Sauber mat Member vum Gemengerot, Vertrieder vum Parverband Steesel-Walfer, onsem Aumônier Mgr Leo Wagener, dem Abbé Dennis Wellisch souwéi Member vun den eenzelnen Parorganisatiounen. Och vertrueden waren de SIT Walfer, d’Chorale vu Steesel an d’Walfer Musek.
Hinnen alleguer, de Sänger/innen, der Dirigentin Elisabeth Schmit an den Organisten en häerzleche Merci fir de groussen Asaz an déi gutt Zesummenaarbecht iwwer d’ganzt Joer.
De Rapport vun der Sekretärin Edmée Turmes-Wenkin weist wéi dacks d’Chorale d’ganzt Joer duerch um Dill ass: 131 Aktivitéite sinn do verbréift oder 1 all 2,8 Deeg.
Den Tresorier Nicolas Glaesener konnt fir 2023 e positive Bilan ordinaire presentéieren, Dank virun allem eiser Gaardeparty, déi all Juni vill Läit unzéit. Ouni d’Hëllef vu ville Frënn kënnte mir déi bal net méi stemmen.
Eng Belounung fanne mir ënner anerem all zweet Joer an onsen Excursiounen. 2023 hate mir eng flott Woch an den alen Hansestied op der Ostsee an zu Hamburg.
Eng positiv Nouvelle war och nach de Bäitrëtt vun der Mme Liz Boever zum Comité.
D’Dirigentin, Mme Elisabeth Schmit war voller Luef fir d’Choristen/innen an huet an de groussen Zich d’Aktivitéiten 2024 skizzéiert.
De Buergermeeschter huet der Chorale Merci gesot fir hiert grousst Engagement an hir Contributioun allgemeng zum kulturelle Liewe vu Walfer. Hien huet och weiderhin Encouragement an Ënnerstëtzung versprach.
Bei engem Maufel a gesellegem Patt ass den Owend dunn ausgeklongen!