AUSSTELLUNG MATGEN & BIREN

20
Apr
2024
20 Apr 21 Apr 23 Apr 24 Apr 25 Apr 26 Apr 27 Apr 28 Apr 30 Apr 01 May 02 May 03 May 04 May 05 May

De Schiefermusée Uewermaartel, zesumme mat der Gemeng Rammerich, der Gemeng Martelange an d'Maison de Village Martelange, si frou Iech op d'Ausstellung vu Wierker vum Renaud MATGEN a vum Frédéric BIREN anzelueden !


D'Ausstellung fënnt statt vum 20. Abrëll bis de 05. Mee an der fréierer Scierie, an ass zougänglech wärend den offiziellen Ëffnungszäite vum Schiefermusée : Dënschdes bis Freides vun 13h00 bis 18h00 a Weekends vun 10h00 bis 18h00.


Nieft Schiferskulpture vu MATGEN a Biller vu BIREN, gëtt och ausnamsweis fir d'Ausstellung een drëtten Handwierker mat an d'Boot geholl: de Patissier Sébastien STOUVENAKER. Zesumme mam Renaud Matgen, wäert hien eng Schockelasskulptur erstellen ! Op d'Initiative vun de Kënschtler wäerten och eng Schiferskulptur, ee Bild an d'Schockelasskulptur versteet gi fir ee gudden Zweck!


Kommt also dës exzeptionell Ausstellung entdecken, versteet op Är beléiftstent Wierk a gitt villäicht mat engem eenzegaarteg Konschtstéck Heem!