Nojemer Grillfest

21
Jul
21 Jul

D'Musik invitéiert op hirt Grillfest e Sonndig, de 21. Juli beim Festsall zu Nojem. Fir den Apéro spillt d'Fanfare des 3 Frontières vu Lieler iech e flotte Concert. Am Nomëtteg spillt d'Heischter Musik. Den Entrée ass fräi. NEI!! Ab 16 Auer ass grouss CLOSING-Party mat der Liveband Radiostation! De Grill bleiwt bis an den Owend eran un! Avis aux amateurs!