Leeschtungen vu Sportler aus der Gemeng Useldeng honoréiert


Useldeng: Di alljährlich Sportleréierung am Useldinger Sportszentrum huet op en nees bewiessen, wat fir e Stellewert di verschidden Sportarten an der Gemeng bedeiten. Diplomiwerreechung mat dem als Ermutigung bäigefügtem Kado an di erfollegräich Sportler sin am Kader vun „ Benevol am Sport“- Useldeng bougéiert“och dest Joer vun der Jugend- Sport a Familjenkommissioun weidergefouert gin. Agaangs vun deser klenger Feier huet den President Hugo Correia Isidoro all Sportler zu hirer besonnescher Leeschtung a speziellem Asaatz félicitéiert a jidderengem eenzelenen, wéi och all Memberen, Kommiteesleit an der Gemeng fir hir Ënnerstëtzung och villmols Merci gesoot. Och de Buergermeeschter Pollo Bodem huet di nei Sportskommissioun félicitéiert di no denen läschten Walen nei opgestallt gin ass an bis dohinner och eng gut Arbecht geleescht huet. Och alle Laureaten huet de Buergermeeschter hir gut Resulter erviergehuewen, déi d’Gemeng Useldeng och no baussen gut vertrieden. Duefir ass d’Gemeng och houffrig an och an Zukunft bereet, de Sport weiderhin ze ënnerstëtzen. Folgend Sportler koumen dann zu Éieren: Bowling- Roude Léiw: Nelissen Carole, Reding Jeff an Lippert Mariette. Fëschen- Feelen 92: Denelle Alain. Schwammen- Swimming Club le Dauphin- Ettelbruck: De Crescenzo Lucas. DT Schandel: Kleer Tom, Kleer Gil, Jacoby Sam, Schmit Raymond, Günter Laurent an Hoffmann Paul. Indiaca Nethoppers Useldeng. Theis -Hubert Tania, Fehlen Myriam, Steffen Candy, Schoumacher Diane, Dusemang Stéphanie, Fisch Jessie, Hargiono Stefka, Poos Anja, Feltes Pascal, D’Exelle Kris, Stranen Jeff, Alberty Pit, Lafontaine Laurent, Mausen Eric an Kohl Alain. (CR (Foto: Charles Reiser)