Nidderaanwener Veräiner hunn eng al Traditioun nei opliewe geloos

Déi lokal Veräiner hunn den 20. Abrëll  dem neie Buergermeeschter Fréd Ternes, wéi Traditioun et wëllt, e Bam gesat.

Déi ganz gutt besichte Manifestatioun ass, bei guddem Wieder, mat engem Cortège bei d'Haus vum Buergermeeschter gaang, wou de Bam vum Fierschter gesat a vun de Pompjeeë genat ginn ass. 

De Cortège wéi déi obligatoresch Riede goufe, musikalesch vun der Fanfare vun Hueschtert a de Gesangveräiner aus der Gemeng verschéinert. Duerno war ee gesellegt beieneen.

Bei der Geleeënheet huet den Organisatiounscomité Sue bei de Veräiner aus der Gemeng Nidderaanwen gesammelt, an esou konnt  e gesamten Don vun 6.050 € un Amitié Am Sand- Amizero OGD iwwerwise ginn. Domatter  gëtt hir sozial Aarbecht a verschidde centres scolaires am Rwanda ënnerstëtzt.