Basket Nationale II : BBC Nitia verléiert géint Hieffenech 66 : 83

Et ass dem BBC Nitia leider net gegléckt, all seng Heemmatcher vun der Qualifikatiounsphase ze gewannen..

Nodeems et an der Paus nach 31 : 31 gläich stoung, koum t'Équipe vum BBC Nitia am 3. Féierel net richteg un, an huet Hieffenech misse fortzéie loossen. Och am 4. Véierel huet de BBC Nitia sech net méi erholl, an huet no enger vum allgemengen Tumult gezeechenter Schlussphase de Match däitlech mat 66 : 83 verluer.

Photoen vum Match fand der op bbcnitia.lu

Ze bemierken, dass t'FLBB virum Match t'Véierels Finalen vun der Coupe de Luxembourg gezunn huet.

Hei t'Matcher vum Weekend:

Poussins: BBC Nitia - Basket Esch B, samedi, 14 : 104
Scolaires: BBC Nitia - Pall Arel Basket, samedi, 71 : 46
Nationale 2 - Hommes: BBC Nitia - Heffingen, samedi, 66 : 83 Photoen op bbcnitia.lu

Division 1 - Hommes: BBC Nitia B - Racing B, dimanche, 69 : 70
Cadets: Résidence - BBC Nitia, dimanche, 72 : 68
Minis: Limpertsberg - BBC Nitia, dimanche, 29 : 46
Espoirs-Tour qualificatif: BBC Nitia - Heffingen, dimanche, 61 : 78