Generalversammlung vun de Schanzer Fëscherfrënn.
De 27. Mäerz haten d'Schanzer Fëscherfrënn hier järlech Generalversammlung an de President Weyland Néckel huet a senger Usprooch jidderengem MERCI gesot deen hinnen am Laf vum Joer bei hiren Aktivitéiten eng Hand mat ugepaakt huet oder si finanziell ënnerstëtzt huet. E grousse Merci goung och un d'Gemeng fir dee generéise Subsid a well si als Veräin aus der Gemeng d'Gemengesäll gratis kënne benotzen. Den 1. Abrëll 1996 goufen d'Schanzer Fëscherfrënn gegrënnt vum President Weyland Néckel, Vize-President Klepper Jang, deemolege Sekretär Neumann René a bestinn elo 30 Joer. Souwuel de Néckel wéi och de Jang sinn nach haut an där selwechter Fonctioun am Kommitee an de René als Initiator vun de Schanzer Fëscherfrënn hirer Internetsäit an hält déi bis haut aktuell.
Mat 156 Member an Éieremember , an 18 jugendlech Fëscher déi kee Joresbäitrag brauchen ze bezuelen, sinn d'Schanzer Fëscherfrënnn vläicht dee gréisste Veräin an der Gemeng Bech.
Den neie Sekretär Schertz Raymond huet en ausféierleche Bericht iwwert all Aktivitéiten aus dem Joer 2025 virgelies sou wéi och matgedeelt wéi vill Fëschbesaz 2025 gemaach gouf.
Duerno huet de Néckel, deen och Caissier ass eng detailléiert Kees an eng gesond finanziell Situatioun presentéiert, déi vun de Keeserevisore Kugener Jeannot a Niederweis Luc gepréift goufen an de Jeannot huet zesumme mat alle Member aus der Generalversammlung dem Caissier d'Decharge ginn.
Vun 2025 u sinn d'Schanzer Fëscherfrënn als a.s.b.l. agedroen an an de deposéierte Statutten ass den aktuelle Kommitee gewielt bis d'Generalversammlung 2031.
Den neie Buergermeeschter Max Pesch huet de Schanzer Fëscherfrënn Merci gesot fir hiert Engagement an der Gemeng, si encouragéiert sou weider ze fueren an hinne gratuléiert fir hier 30 Joresfeier.
Als Ofschloss gouf et e gudde Buffet vum Traiteur Weidert Tom vun Uesweiler a si konnten all nach duerno gemittlech bei engem gudde Patt den Owend verbréngen.