E gutt Joer fir den SFF

Dee leschte Weekend haten sech vill vun de Schanzer Fëscher Frënn am Veräinsbau zu Altréier afonnt fir bei hirer Generalversammlung Präsenz ze weisen.

A senger Usprooch huet hire President, de Weylands Néckel senge Memberen en grousse Merci ausgesprach fir déi vill Aarbecht déi am vergaangene Joer geleescht gouf. Well den SFF ass net nëmmen e Veräin deen um Pabeier existéiert. Seng Aktivitéiten si ganz villfälteg, an dat iwwert dat ganzt Joer. Begréissenswäert fënnt de President dat bei ville Memberen och d’ Fraen bei dësen Organisatiounen kräfteg eng Hand mat upaken. Hie bedankt sech och bei der Gemeng, déi Versteesdemech fir Fëscher Frënn huet an si an all hiren Aktivitéiten ënnerstëtzt.

Um Sekretär René Neumann war et den Aktivitéitsbericht vum leschte Joer vir ze leeën. Fënnef Mol ass em dee 3,5 Hektar grousse Weier zu Nenneg gebotzt ginn, fënnef Fester goufen organiséiert, an all Kéier haten sech ganz vill Memberen afonnt fir ze hëllefen, sief dat beim Hierken Owend, beim Scampi Fest oder bei den Frituren. An och fir dat Joer wat kennt, leit nees e gutt gefëllten Aarbecht s Kalenner vir.

All dat Geld wat Memberen 2011 erschafft hunn geet integral an de Fësch Besaz vun 2012, erkläert den Caissier, an dat ass eng Zomm vun iwwer 14000 Euro. Esou wäerten och dëst Joer erëm e schéine Fësch Räichtum d’ Fëscherfrënn vun der Schanz beglécken. Mat de Cotisatiounen gëtt Puecht vum Weier bezuelt an d’ Material wat fir ze schaffen gebraucht gëtt.

Och déi Schanzer hunn ewéi vill Veräiner am Land mat Struktur Problemer ze kämpfen. D’ Leit di sech schwéier fir Verantwortung am Veräin ze iwwerhuelen. Esou bleiwen och 2012 nach Posten am Komitee ze besëtzen. Mee kritesch ass Situatioun nach net, mengt de President.


De Scheffen vun der Gemeng Bech, den Becker Tom ass éischtens mol erstaunt iwwer déi vill Aktivitéiten déi den SFF opzeweisen huet, ass erfreet dat den Erléis vun dësen Aktivitéiten genotzt gëtt fir de Weier an de Besaz ze finanzéieren, ass frou esou e Veräin am Duerf ze hunn an e versprécht och fir Zukunft d’ Ënnerstëtzung vun der Gemeng. Vertrueden hunn Gemeng nach den Schintgen Edmond, Classen Norbert an Frieden Christian.

Fir dat lafend Joer gëtt de Veräin dirigéiert vum Néckel Weyland, President a Caissier; René Neumann, Sekretär; Klepper Jean, Vizepresident; vun de Komiteesmemberen; Niederweis Claude, Jaas Alfred, Linster Jean-Marie, Loscheider Guy, Noel Armand, Mosar Guy, Schertz Raymond.

Bericht vum ©rompic

Homepage: www.sff.lu