Generalversammlung vun der LCGB-Sektioun Mondorf/Altwies

Freides, den 18. Mäerz 2016 huet d’Generalversammlung vun der Lokalsektioun Mondorf/Altwies am Restaurant Kohn zu Altwies stattfonnt. D’Sektioun konnt dësen Owend eng 60 Memberen begréissen bei hirer Generalversammlung fir d’Joer 2016.

Den LCGB-Generalsekretär Francis LOMEL huet dësen Owend een Referat iwwert aktuell gewerkschaftlech Themen gehalen an huet nach eng Kéier un d’Wichtegkeet vum 1. Mee erënnert.

Ausserdeem goufen nach verschidden Memberen fir hier laangjäreg Memberschaft geéiert.

Fier 30 Joer: Viviane GEDGEN, Camille SIEBENBOUR an Tom VALENTINY
Fier 40 Joer: Monique HURTH
Fier 50 Joer: Marie-Therese BAUER, Francois BELLEVILLE, Leon ROLLINGER, Irène SCHMIT an Monique URY
Fier 60 Joer: Michel ESCHEID, Ferdinand KREMER an Josy LAMESCH