Scheckiwerreeschung Télévie Weiler-la-Tour

Wei all Joer haate mir den 13ten Abrell eist Gala Télévie Iessen am Restaurant Kohn zu Altwies

Dest Joer stung en amerikanschen Menu um Programme.

Durch de Programme hun Kelly Decker an Isaac Roosevelt gefouert.

Serveiert gouf vun de Basketspiller Tara Booker, Marco Moes, Yves Braun, Jean-Nicolas Goergen, Alex Krebs, Gabor Boros, Roby Horsmans, Rafael Cabete an Adam Bob

Den Telvie Weiler-la-Tour (Schintgen Nadia, Groff Joel a Rocky) hun an Zesummenarbecht mam Kohn Pascale a Chrisitian e Scheck vun 7000 Euro un de Centre de Promesse vu Freiseng (Niesen Raym) iwerwiesen.

E grousse Merci geet natirlech un all eis Sponsoren a virun allem un Pascale a Chrisitan Kohn.