📷 𝗦𝗔𝗩𝗘 𝗧𝗛𝗘 𝗗𝗔𝗧𝗘 📷 𝗠𝗲̈𝘁𝘁𝘄𝗼𝗰𝗵, 𝟭𝟭. 𝗠𝗮̈𝗲𝗿𝘇 𝟮𝟬𝟮𝟲
Organiséiert 📷 vun der 𝗨𝗟𝗖 📷 an der 𝗖𝗲𝗻𝘁𝗿𝗮𝗹𝗲 𝗣𝗮𝘆𝘀𝗮𝗻𝗻𝗲 📷bréngt dës 𝗧𝗮𝗯𝗹𝗲 𝗥𝗼𝗻𝗱𝗲 verschidde Perspektiven zesummen, fir d’𝗔𝘂𝘀𝘄𝗶𝗲𝗿𝗸𝘂𝗻𝗴𝗲 𝘃𝘂𝗺 𝗠𝗲𝗿𝗰𝗼𝘀𝘂𝗿-𝗢𝗳𝗸𝗼𝗺𝗺𝗲𝘀 op Konsumenten a Produzenten zu Lëtzebuerg ze diskutéieren. Zil ass en oppenen a sachlechen Austausch iwwer Risike, Erausfuerderungen an d’Zukunft vun eiser Landwirtschaft an eiser Liewensmëttelsécherheet 📷
📷 𝗨𝗺𝗲𝗹𝗱𝘂𝗻𝗴 𝗲𝗿𝗳𝘂𝗲𝗿𝗱𝗲𝗿𝗹𝗲𝗰𝗵: events@ulc.lu ODER secretariat@centralepaysanne.lu
Wat bedeit d’Mercosur-Ofkommes konkret fir Lëtzebuerg? Wat geschitt mat eiser Landwirtschaft, eise Produzenten an eiser Liewensmëttelsécherheet? 📷📷
📷 Beim Ronndëschgespréich diskutéieren:
• Tilly Metz, Europadeputéiert (Déi Gréng)
• Charles Goerens, Europadeputéierten (DP)
• Paul Gires, President vun der ULC
• Christian Wester, President vun der Centrale Paysanne
• Patrick Koh, Sous-Direkter vun der ALVA
📷 Am Fokus stinn ë. a.:
📷 Bëlleg Fleesch iwwerschwemmt de Marché
📷 Ëmweltzerstéierung a Klimaschied
📷 Sozialdumping mécht Produite kënschtlech bëlleg
📷 Schwach Liewensmëttelkontrollen
📷 Verluerene Kontroll iwwer d’Hierkonft vun eise Produiten
-> Kommt laanscht a diskutéiert mat – et geet ëm eis Baueren, eis Konsumenten an eis Zukunft.
> Mëttwoch, 11. Mäerz 2026 um 20:00 Auer am Celo Hesper
476, route de Thionville, L-5886 Hesperange