Cäciliefeier mat Checkiwerreechung vun 3500 Euro

Den 4 Dezember huet den Gesangveräin Fëschbech-Angelsbierg-Schous d‘Fest vun senger Patréinesch,der hélleger Cäcilia,gefeiert.Bei engem gudden Mëttesdësch gouf all deenen Merci gesoot,déi seid laange Joren eis beim Parfest hëllefen,an derzou beidroen,dass dëst Fest mat groussem Erfolleg iwert Bühn geet.

Dee gréissten Deel vum Erléis vun dësem Fest gouf,wéi et seit Joren Traditioun ass,fir e gudden Zweck agesaat.

Esou krutt Caritas en Don vun 2500 Euro fir d‘Hëllef an der Ukraine,an en Don vun 1000 Euro goung un d‘Kierchefabrik als Beitrag fir de Loyer vun eise Kierchegebäier wou eise Gesangveräin säin Deel derzou beidréit.

Gesangveräin Gemeng Fëschbech

Weitere Neuigkeiten von Claude Malget-Ernster >