Teeschekapell Uerschdref

Lëtzebuergesch: D'“Teeschekapell” zu Uerschdref (Arsdorf), an der Rue du Lac (CR309), läit um selwechte Kamm wéi d'Donatuskapell.

Se gouf 1907 vun enger Famill Hoffmann opgeriicht. D'Kapell ass der Thérèse vu Lisieux devouéiert. Bei der Renovéierung vun der Uerschdrefer Kierch an den 1970er Jore koum hir Statu dunn och an dës Kapell.