Uespelter Schlassmoart vun 10 Auer bis 18 Auer am Schlasshaff a ronderem (37 Péiter vun Uespelt Strooss)
Lokal Produiten, Kreatiounen an Animatiounen. Fir Iessen an Drenken as och gesuergt.
Gaart an Heem Uespelt an d'Uespelter Schlassfrënn invitéiren Iech zesummen mat hiren Aussteller an Memberen, op hiren gemeinsamen Handwierkermaart, am scheine Kader vum renoveierten Site vum Uespelter Schlass.
De Schlassmaart luet Iech an, ze staunen, ze entdecken an aktiv matzemaachen.
Niewt de ville Stänn an Attraktiounen gëtt et och e variéierten Animatiounsprogramm fir d'ganz Famill. D'kleng Gäscht kënnen sech am Facepainting-Atelier an hir Liblingsfigur verzaubere loossen. Vun15 Auer un suergt d'"Lidderuuecht Letzebuerg" mat engem Concert fir eng super Stëmmung, wärend d'Romaine an de Fränz mat hirer Dréiuergel nostalgesch Kläng iwwer de Maart spille loossen.
Glaichzeiteg kennt Dir an der salle Busleyden um Späicher vum Schlass d'Biller vun de Gewënner vum Molconcours, den d'Uespelter Schlassfrënn am Februar zesumme mat der Fréisenger Schoul organiséiert huet, bewonneren.
Et stin 2 gratis Navetten vun 9.45 bis 18.30 Auer zur Verfügung. De Parking beim Schlass ass fir d'Aussteller reservéiert.
Org.: GAART AN HEEM UESPELT ASBL AN D'FRENN VUM UESPELTER SCHLASS ASBL