Présentatioun Buch - d'Schoul zu Uespelt 1800-1993

En éischt Buch iwwert d’Haiser vun Uespelt konnt ech dank de gegrënnten ‘Geschichtsfrënn vun der Gemeng Fréiseng’ erausginn. Dat zweet wat elo gedréckt ass befaasst sech mat der Uespelter Schoul déi 1993 wéint der Zentralschoul zu Fréiseng zougemaach ginn ass. De Will Malané, 1919 gebuer, dee bis nom Krich bäi der Schoul gewunnt huet, hat mir viru sengem Doud, eng Rei Fotoe vu Schoulklasse mat de Nimm drop ginn. Dës Dokumenter, mat enger Rei vu mengem Papp a mir, hu mir den Driff ginn e Buch ze maachen. Wéi ech mech dunn un Uespelter vun alle Generatioune gewannt hunn, war deenen hier Begeeschterung grouss an ech konnt dëst Buch zesummestellen. Leider ass et net komplett well den Dateschutz leider vill Dieren zougemaach huet, mee komplettéiere kann een et ëmmer nach.

Weitere Neuigkeiten von Viviane Scharlé >