Snap.lu - Eng nei Plattform


Wee kennt et net? Et huet een eng grouss Feier, vill Leit maache Fotoen, mee elo sinn all déi Fotoen op enger Dose verschidden Handy'e gespäichert.

A genau do kënnt Snap.lu an d'Spill. Den Organisateur ka bannent e puer Minutten eng QR Galerie opmaachen. Da muss ee just de PDF mam QR Code erausdrécken an ophänken. A scho kënnen d'Gäscht dëse QR Code mam Handy scannen an hier beschte Fotoen eroplueden, an dat direkt.

Nom Event kann den Organisateur d'Fotoen einfach als ZIP Datei eroflueden, an zum Beispill bei Cewe erausdrécke loossen.

Bei der Erstellung vun der Galerie kann ee ganz flexibel d'Unzuel vun de Fotoen an d'Späicherzäit vun de Fotoe festleeën. Och d'Unzuel u Fotoen, déi all Gaascht eroplueden dierf, kann ee festleeën - vun 1 Foto pro Gaascht bis ouni Limitt. Doduerch ass och de Präis fir all Galerie ganz flexibel, an et geet bei ronn 5 € lass. Fir dass och net déi falsch Fotoen eropgeluede ginn, leeft am Hannergrond eng kënschtlech Intelligenz, déi Fotoen ausblent, wann se net de Bestëmmungen entspriechen. Esou bleift Galerie fir jidderee sécher.

Jidderee kann och eng Galerie fir ze testen erstellen, a mam Code "START2025" kritt een eng Remise vun 10% op seng éischt Commande.

Interesséiert? Da luusst op www.snap.lu

Weitere Neuigkeiten von Jerome Goergen >