Claire Dupont- Bertemes feiert 90 Joer.

Aasselburren. Hire 90. Gebuertsdag hat Claire Dupont-Bertemes genee op den Dag am Krees van hirer Famill am Restaurant „Reiff“ zu Fëschbech gefeiert. Als zweet va sechs Kanner vam Glod Marie a Nicolas Bertemes ass Si den 10. Dezember 1927 zu Aasselburren op Welt kommen. Den 18. September 1953 ass Si mam Camille Dupont o aus Aasselburren bestat gien. Si kruten dräi Kanner, 2 Jongen an engt Meedchen. De 05. Dezember 2011 ass hire Mann gestuarwen, a kuerz drop den 20. Mäerz 2012 hire jéngste Jong, den Armand. 6 Enkelinnen. 6 Urenkelen an 2 Urenkelinnen han am Loof van der Zäit Famillje vergréissert. Zanter dem 06. Dezember 2010 verbréngt Si hire Liäwensowend an der Residence des Ardennes zu Kliärref, wou Si ganz zefridden ass.