Exzessif Vitesse


Sou schéin och eis Gemeng Mondorf ass, sou vill och an nei Infrastrukturen a.s.w. investeiert gett, sou wéineg gett eppes géint dei exzessif Vitesse gemach. An fir mei genau ze sin schwätzen ech an éischter Linn vun der "Route de Luxembourg", dei vun Mondorf an richtung Altwies, an emgedreint, geet.

Leider muss een do all Daag eng exzessif Vitesse vun den Autos- an Motosfuerer erliewen, obwuel do emmer nach Vitesse 50 ass. Leider muss een do all daag och feststellen dass et den Chaufferen egal ass wei schnell se gefuer kommen, ob Kanner um Trottoir trëppelen oder versichen iwwert den Zebrastreifen ze goen, waat quasi onméiglech ass well keen stoen bleiwt. An wann een dann den Chaufferen ze verstoen gett dass se sollen mei lues machen, dann gett een och nach vernannt oder den Stinkefinger gewisen.

Komm mer geheien se awer net all an daat sëlwescht Dëppen, well et sin och nach e puer verstännerger ënnert den Chaufferen. Gottseidank!

An wann een an eiser Gemeng op den Problem drop hinweist, schengt daat op daaf Oueren ze stoussen, vu dass an deenen läschten Jooren naischt ennerholl gin ass. Dei puermool am Joer wou do eng Police steet ze kontrolléiren hun och naischt bruecht.

Et kéint een sech jo mol fir unzefänken e beispill un der Aktioun "Exzessif Vitesse", wei se an der Gemeng Hesper duerchgezunn gett, huelen.

Mee et sin jo geschwënn Gemengewahlen...