Am Kader vum Internationale Mustang Meeting, deen den 10.-11.Oktober zu Munneref stattfonnt huet, hunn di Verantwortlech vum Vintage Mustang Club of Luxembourg e Scheck, an der Héicht vun 1000€, un d'Associatioun Ambulanz Wonsch iwwerreecht. D'Karen van Hout mat hirer Ekipp war glécklech an dankbar fir dës Ënnerstëtzung. De VMCL dréit op dës Manéier dozou bäi, dass d'Associatioun Ambulanz Wonsch nach méi Wënsch erfëllen, a Mënschen mat hire Familljen e besonnesche Moment schenken kënnen.