Mywort Lëtzebuerg
De Bartrenger V.C. Le Guidon organiséiert vum 6. Juli bis den 12. Juli,
fir 28te Kéier, "6 Days Lull Gillen".
Daat si wärend 6 Deeg, beim Centre Atert zu Bartreng, Veloausfahrten (Randonnée) iwwer Distanzen ëm déi 60 km pro Dag, Sonndes respektiv Samschdes kënne Strecken ëm 110 km gefuer ginn. All Strecke si gezeechent, a Samschdes resp. Sonndes ass och Ravi virgesinn. Duschgeleeënheete sinn am Centre Atert.
All Vëlosfrënn, kann no senger Vitesse, tëschent 9 Auer an 21 Auer, fueren.
Gefuer gëtt no de Reegelen vum Code de la Route.
Droen vum Casque ass recommandéiert.
Wéi all Joer, geet e groussen Deel vum Erléis un eng Lëtzebuerger Associatioun.
Dëst Joer, ass den Don fir BACK 2 SPORT (www.backtosport.lu).
Weider Informatioune zur Manifestatioun kréien déi interesséiert Vëlosfuerer op der Internetsäit www.6dayslullgillen.lu.
Am viraus kann een sech umellen ënnert sixdays@pt.lu.