Open air Hobbymarket an der City Concorde um Parking "Vendôme"
Creative City Hobbymaart: Entdeckt Kreativitéit, Workshops & Animatioun
De 14. Juni verwandelt sech de Parking Vendôme vun der City Concorde zu Bartreng an e Paradäis fir Kreativitéit a Konscht. Op dësem Samschdeg stellen eng 75 Memberen vun Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl vun 9 bis 19 Auer hir selwer gemaachte Konschtwierker aus.
D’Visiteure, grouss a kleng - kënnen awer och aktiv matschaffen! Véier Kënschtler bidden Workshops un, wou jiddereen sech kreativ austobe kann: Eliane Lothritz mat : Blummen aus Pabeier, Cecile Pondaven mat Wollfilz, Justyna Singh mat Bijouen aus Glaspäerelen an Jessica Thornton mat Subliméiert a beplotten Troussen & Buttons
Fir déi richteg Ambiance suergt Duo Nova, dee mat musikalescher Animatioun eng flott Stëmmung garantéiert. Fir eis kleng Visiteuren ass och geduecht mat ënnert anerem Sprangschlass, Facepainting asw. Natierlech ass fir Iessen a Gedrénks gesuergt, mat Grill, dem Foodtruck "Food Riders" asw
Detailer: www.hobbykl.lu/news-an-aktuelles.php