Scheckiwwerreechung bei der Croix-Rouge Sektioun Bartreng
Viru kuerzem hat d’Croix-Rouge Sektioun Bartreng, déi am Mäerz 40 Joer kritt huet, hir uerdentlech Generalversammlung ofgehalen. A Presenz vun der Madamm Buergermeeschter Monique Smit-Thijs an dem Schäffen Youri De Smet huet d’Presidentin Janine Reuland-Schneider all d’Quêteusen an d’Sympathisanten vun der Sektioun Bartreng, gradesou ewei d’Madamm Martine Brücks an den Här Henri Oberhausen-Krippler vun der Croix-Rouge an och d’Madamm Sandy Scholer an den Här Hirt vum Centre Thérapeutique vu Kautebach begréisst. No enger Gedenkminutt fir déi verstuerwen Memberen huet d’Presidentin iwwert de vergaangenen an iwwert de kommende Programm geschwat. Duerno war et d‘ Manette Wampach-Lommel wat de ganze Programm vun 2022 virgedroen huet, ënner anerem e Floumaart dobaussen beim Schlass, d’Presenz um Floumaart an Atert an och um Wantermaart wou Raclette verkaaft gin ass. Dunn war et um Simone Kremer-Schonckert fir iwwer d’Situatioun vun der Kees ze zielen a well déi ganz gutt opgestallt ass konnt e „Chèque vun 7500€ un de Centre Sociaux Thérapeutique vu Kautebach iwwerreecht gin. Och sin nach zwou vun eise Quêteusen , d’Madamm Mireille Pepin-Klosen fir 10 Joer an d’Madamm Patricia Bartocci-Curzi fir 5 Joer, geeiert gin.No de Wieder vun der Madamm Martine Brücks an der Madamm Monique Smit-Thijs ass den Owend mat engem klenge Maufel an engem Patt gemittlech ofgeklongen.