Bartreng.
D‘Sektioun Bartreng vun der Croix-Rouge hat de 4. März hier alljärlech Generalversammlung. D’Presidentin Janine Reuland-Schneider huet d’Madame Buergermeeschter Monique Smit-Thijs, esou ewéi d’Vertrieder vun der Gemeng,d’Madame Catherine Gapenne, d’Madame Yanica Reichel an den Här Oberhausen-Krippler vun der Croix-Rouge all d’Quêteusen an Sympathisante vun der Sektioun begréisst .No enger Gedenkminutt fir déi verstuerwe Membere vun der Sektioun huet d’Presidentin e Reckbleck op e gutt gefëllten d’Joer 2023 gemaach an si ass op de Programm vun dësem Joer agaangen. De Programm vum Joer 2023 huet d’Manette Wapach-Lommel am détail virgedroen , dorënner waren ënner anerem Präsenze bei der Grousser Botz , dem Multi-Kulti, der Ovatioun fir di nei Buergermeeschtesch den Nationalfeierdag an d’Journée de la Commération nationale an dem Wantermaart vun der Gemeng .Och e Floumaart ass den Abrëll dobausse bei den Hunnen an den November am Centre Atert organiséiert ginn. Duerno huet d‘ Simone Kremer-Schonckert de Keesebericht presentéiert. Well d’Kees ganz gesond ass konnt e Scheck vun 7500 Euro un d’Madame Yanica Reichel vum Service IRIS vun der Croix-Rouge iwwerreecht ginn.D’Madame Reichel huet duerno de Service IRIS virgestallt. Heibäi handelt et sech em Bénévoler di sech em einsam Persounen këmmeren.Eng Quêteuse d’Janette Lucas-Etienne ass geeiert gin fir 10 Joer. D’Manette Wampach-Lommel huet mat engem Bouquet Merci gesot kritt fir seng Aarbecht wärend 30 Joer. D’Monique Smit-Thijs huet der Sektioun nach mat ville léiwe Wieder felicitéiert fir hiert Engagement an duerno ass bei engem klenge Maufel an engem Patt dësen Owend op en Enn gaangen