Border Sky siicht en Doheem

Moien, ech heeschen Sky.

Ech sinn e 4 Joer aalen, kastréierten Border Collie dee bedingt duerch Zäitmangel eng nei FamillFamill siicht.

Ech sinn propper an ech maachen och näischt futti.

Meng Eltren schaffen als Hütehënn, sou hunn ech natierlech och den Hüte-Instinkt, an Tendenz, alles wëllen ze regroupéieren, Kanner, Muppen, Katzen... Jo ech kennen Katzen, ech wunnen mat 2 zesummen.

Ech hu soss net vill sozial Kontakter, sinn bessi schei a mësstrauesch bei Friemen - Menschen wéi Muppen. Awer ech sinn en Herz fir deen, dee mäi Vertrauen kritt.

Wann dir meng Rass an hier Besoins kännt, wann dir bei mir sidd an Zeit hutt, fir flott deeglech Trëppeltier ze , oder nach besser, fir Agility oder Hüte-Arbecht ze maachen, dann sidd dir dee Frënd, deen ech brauch.

Ech kennen d’Basis-Kommandoen an ech hunn e richteg gudde Réckruff.

Mellt Iech bei der Amiavy-Tatta ennert der Nummer +352 621 45 91 66