Generalversammlung vun der Amicale Les Parcs du 3e Âge

Deslescht huet d'Amicale vum Flegeheem vun Bartreng hir alljährlech Generalversammlung ofgehal. Madame Thomé, Presidentin, huet all Memberen härlzlech begréisst an huet dem Här Marcel Kraus, Sekretär-Késsier souwei dem Eugénie Kraus, member, e groussen Merci gesot fir déi vun hinnen geleeschten Arbecht.

Och all aner Memberen sin fir hir Arbecht bedankt gin. Duerno huet Sie d'Wurt un den Sekretär-Késsier gin, deen iwwert all Aktivitéiten bericht huet. Bal all Woch war eppes organiséiert gin an och all Feier an Eierendeeg si berücksichtegt gin. Sengem Kessebericht konnt een enthuelen, dat, esou ewéi d'lescht Joer, manner era komm ass. Dank den Reserven aus deene leschten Joeren as awer nach e besschen "Spillraum" do.

D' Kessereviseuren hun eng perfekt Komptabilitéit bestätegt an hun sech och bereet erklärt hir Missioun och d'nächst Joer ze iwerhuelen.

Duerno as den Manktum vu Bénévolat besprach gin. Och eisen "Ennerstezungsverein" leid ënner freiwëllegen Matarbechter. Jidderén dén sech beruff fillt fir bei eis matzemachen soll sech roueg mellen.