E Cheque un d´ONG „Le Soleil dans la Main“.

Dëst Joer huet de Syndicat d’Initiative Furen seng gemeinsam Generalversammlung mam Syndicat d’Initiative Baastenduerf den 22. Mäerz zu Baastenduerf am Gemengesall a Präsenz vum Buergermeeschter Aly Kaes, souwéi de Vertrieder aus der Gemeng an de Vertrieder vun de Veräiner aus der Gemeng an och nach vun de Vertrieder vun den Nopesch Syndicaten, ofgehalen.

Bei där Geleeënheet huet all Syndicat säin Joresberiicht virgestallt an op déi vergaangen an virun allem op déi kommend Aktivitéiten higewisen.

Dëst Joer ass de Syndicat d’Initiative Furen frou, den Erléis vu sengem Brunch op der Bëtteler Gare, deen dëst Joer den 20. Januar war a vill Succès haat, mat engem Don vun 1500 Euro un d´ONG ´“Le Soleil dans la Main“ ofschléissen ze kënnen. Dës ONG ass mat participativen an integrativen Entwécklungshëllef- Projeten am Burkina Faso täteg. Mir soen dem Här Patrick Hinterscheid als aktiven Member vun der ONG Merci fir seng Präsenz an seng Erklärungen zu den Aktivitéiten an de 6 Beräicher: Zougang zu Drénkwaasser, Edukatioun, Ëmweltschutz, berufflech Ausbildung, Gesondheet a Liewensmëttelsecherheet an deenen si aktiv sinn. Eent vun de ville Beispiller ass d´Kannerheem zu Koudougou am Burkina Faso wou 52 Kanner en néit an séchert Doheem fonnt hunn. Sidd dir interesséiert méi gewuer ze ginn, dann fannt dir dëst um Internetsite: www.asdm.lu


E puer wichteg Datumer fir dëst Joer betreffend eis Aktivitéiten S.I. Fouhren:

04.05.19: Blummemaart zu Bettel, Furen, Walsduerf a Longsdref23.06.19: Stroossefest op der Bëtteler Gare10.07.19: Concert Baastenduerfer Musek op der Bëtteler Gare07.12.19: Niklosmaart zu Baastenduerf

Text vum Mireille Pfeiffer.