Scheckiwwereechung vun de Kommiounskanner vun Baastenduerf an Housen zu Betzder

Scheckiwwerreecchung mat de Kommiounskanner

am Institut Saint Joseph zu Betzder

Den 22. Abrëll haten 15 Kanner aus eiser Par zu Baastenduerf an den 23. Abrëll 21 Kanner zu Housen hir éischt helleg Kommioun gefeiert. Bei där Geleeënheet haten mir och en Opruff gemaach, un déi Kanner ze denken, deenen et net esou gutt geet an en Don fir den Institut Saint-Joseph zu Betzder ze maachen. Dobäi sinn 3055,00 € zesumme komm. Mir soen all deene Merci, déi mat hirem Don dëst gutt Wierk ënnerstëtzt hunn !

En Donneschdeg, den 1.6.23 sinn 16 Kanner mat hire Begleeder mat engem Bus op Betzder gefuer, fir den Institut Saint Joseph kennenzeléieren, de Scheck ze iwwerreechen an u verschiddenen Atelieren deelzehuelen. Et war e ganz flotten an interessante Mëtteg, deen si sécher net esou séier vergiessen.