Ausstellung vum John SCHMIT den 1. an 2. Oktober - Sérigraphie an Acrylmolerei

GEMENGELIEWEN - AUSSTELLUNGEN
Ënnert dem Patronage vun der Kulturkommissioun vun der Gemeen Welleschten stellt den John Schmit seng Wierker de Weekend vum 1. an 2. Oktober zu Bech-Macher am Atelier Art-I-Chaud (4 Sandtegaass) aus.

Vernissage ass Samsdes, den 1. Oktober 2011 um 11.00 Auer matt engem musikaleschen Encadrement vum "Saxophon Quartett".

D'Ausstellung ass op:

1. Oktober vun 11.00 - 19.00 Auer
2. Oktober vun 10.00 - 12.00 Auer a vun 14.00 - 17.00 Auer