D'Gemeng Bech engagéiert sëch fir bezuelbare Wunnraum

Am Beméien fir weider bezuelbaren Wunnraum ze schafen, huet d’Gemeng Bech nieft dem geplangten Projet zu Altréier, déi ehemoleg Schoulmeeschterwunneng iwwert der aler Schoul zu Hemstel renovéiert.

Dës Wunneng ass elo un d’Fondation pour l’Accès au Logement (FAL) verlount gin. An Zesummenaarbecht mat dem Office Social Régional vu Befort, deen sech och finanziell um Projet bedeelegt huet, ass elo eng Famill mat zwee Kanner do logéiert gin.

A Presenz vum Direkter vun der Fondation pour l’Accès au Logement (FAL) Gilles Hempel, dem Sous-Direkter Tom Nilles, an dem President vun dem Office Social Régional Befort, Marc Reckinger, huet d’Gemeng, vertrieden duerch de Buergermeeschter Camille Kohn, d’Schäffen Emile Bohnenberger an Norbert Classen, an dem Conseiller Christian Friden, Vertrieder beim Office Social, d’Schlësselen vun der Wunneng offiziell iwwerreecht.