Buergbrennen

D’Amicale vun de Beeforter Pompjeeë wollt net op d’Traditioun vum Buergbrennen verzichten an huet décidéiert de Brauch am Aklang vun de gültege Reegelen ze organiséieren. Zuschauer waren net zougelooss an dach konnten d’Leit um Buergbrennen deelhuelen. An Zesummenaarbecht mat der Gemeng gouf d’Buergbrennen op der Facebook-Säit vun der Gemeng live iwwerdroen. De Video ass souwuel um Internetsite vun der Gemeng an och um youtube-Kanal vun der Gemeng ze gesinn.


Op der Buerg gouf eng Tafel mat der Opschrëft “Covid-19” ugemeet fir nieft dem Wanter och de Covid-19 ze verdreiwen. Et bleift ze hoffen, datt d’nächst Joer d’Buergbrennen ënnert der gewinnter Form rëm stattfënnt.