Ee klenge Kaddo vun der Gemeng

D’Mireille, Erika a Rosa waren an der ganzer Gemeng Beefort ënnerwee fir de Leit iwwer 55 Joer ee klenge Kaddo vun der Gemeng ze iwwerreechen. Elo am Fréijoer hätt d’Journée 55+ vum Hierscht 2020 sollen nogeholl ginn, déi all Joer vum Schäffen- a Gemengerot an Zesummenaarbecht mat der Kommissioun vum Drëtten Alter vun der Gemeng Beefort an de Beeforter Senioren organiséiert gëtt. Déi aktuell Sécherheetsregelen an Hygiènemesuren erlaben et nach ëmmer nët op ee flotten Nomëtteg mat Musek ze invitéieren.


Amplaz vu Kaffi an Taart krut jiddereen iwwer 55 Joer an der Gemeng dräi FFP2-Masken an ee gudde lëtzebuerger “Corona-Killer” vun eiser Musel geschenkt. Et bleift d’Hoffnung, datt mer am Hierscht rëm kënnen zesumme feieren a bis dohinner gëtt jidderengem dat Allerbescht a virun allem Gesondheet a vill Kraaft gewënscht.