ATD Quart Monde feiert

2017  feiert den internationale Mouvement ATD Quart Monde e puer Gebuertsdeeg.

• Et ass den 100. Gebuertsdag vum Joseph Wresinski, dem Grënner vun Atd Quart Monde, deen als Kand an immenser Aarmutt gelieft huet.

• Et ass de 60. Gebuertsdag vun ATD Quart Monde, déi Beweegung, déi de Joseph Wresinski 1957 an engem Camp mat Wellblechhütte bei Paräis mat den Awunner gegrënnt huet.  

• A virun 30 Joer hu sech op Initiative vum Joseph Wresinski  fir d'1. Kéier de 17. Oktober, Leit um Trocadéro zu Paräis versammelt, fir de Leit an Aarmutt d’Wuert ze ginn. Et waren deemools 100 000 Leit, déi sech ëffentlech engagéiert hunn, fir géint d’Aarmutt virzegoen. Viru 25 Joer ass dunn de 17. Oktober vun der UNO offiziell als "Internationalen Dag fir d’Eliminéiere vun der Aarmutt" unerkannt ginn.

All dës Gebuertsdeeg gi vun ATD Quart Monde duerch d’Welt am Kader vun der Campagne „Stop pauvreté - Stop Aarmutt“ gefeiert.

Dës Campagne gouf den 12. Februar, Gebuertsdag vum Joseph Wresinski, mat engem weltwäiten „Opruff fir ze Handelen“ lancéíert. Son Altesse Royale la Grande-Duchesse war eng vun den 1. Persounen, déi dësen Opruff ënnerschriwwen huet.

Eng weider wichteg Etapp an der Campagne « Stop Aarmutt » war en europäescht Jugendtreffen an Holland am Summer, wou e Grupp Jonker aus Lëtzebuerg drun deelgeholl huet.

Am Kader vum Weltdag géint d’Aarmutt, gëtt de 17. Oktober mat verschiddene Manifestatiounen zu Lëtzebuerg gefeiert. Thema 2017 : „fir eng Welt, déi keen op der Säit léisst“.

2. Programm

7. Oktober: Informatiounsstand um Maart um Knuedler an der Stad

Do ka jidderee sech iwwert d’Campagne „Stop Aarmutt“ informéieren an den „Opruff zum Handelen“ ënnerschreiwen. Wien net komme kann, kann dat maachen um Site: www.stoppauvrete.org

14. a 15. Oktober: Villages des Initiatives zu Paräis

E Grupp vun ATD Quart Monde Lëtzebuerg hëlt Deel un de Feierlechkeeten „Villages des Initiatives“ vun der Campagne « Stop Pauvreté » zu Paräis

Vum 17. Oktober un: Manifestatiounen ënnert dem Haut Patronage de Son Altesse Royale la Grande-Duchesse

17. Oktober 18.30 Centre Culturel de Rencontre Neimënster, Kapell

A Präsenz vun Son Altesse Royale la Grande-Duchesse

Vernissage vun der Ausstellung «Une nouvelle humanité sans misère verra le jour …»

Dës Fotoausstellung weist d’Geschicht vum Joseph Wresinski a vun Atd Quart Monde duerch d'Welt a weist och e Bléck op d‘Schaffen hei zu Lëtzebuerg. Si ass op bis de 5. November. Visites guidées si méiglech op Ufro an eisem Sekretariat: tel 43 53 24 20.

17. Oktober 20.00 Kierch St. Jean, Lëtzebuerg-Gronn

Feierlechkeeten um Weltdag géint d'Aarmutt

- Leit, déi an der Prekaritéit liewen a Leit, déi solidaresch sinn, huelen d’Wuert zum Thema vum 17. Oktober : « Fir eng Welt, déi keen op der Säit léisst ». Jonker vun ATD Quart Monde weisen eng kleng Scénette zum Thema.

- Concert " Ensemble, nous pouvons mettre fin à la misère, unissons nos voix " mat Lidder zum Thema Resistenz an Dignitéit. De Nicolas Billaux vum Institut Européen de Chant Choral (Inecc) dirigéiert e Chouer, den extra zesummegestallt gouf mat Leit vu ganz verschiddene sozialen a kulturellen Originen. D'Sänger sinn aus sozialen Institutiounen an zum Deel vun de Choralen Home Sweet Home, All in One Mamer, Out of Office, Chorale des Ministères a Jubilate Musica.

· 25. Oktober 19.30 CCRN Centre Culturel de Rencontre Neimënster, Salle José Ensch

Konferenz "La culture, socle de notre humanité"

D'Konferenz gëtt geleet vum Huguette Redegeld, Volontärin beim internationale Mouvement Atd Quart Monde.  Si war eng laangjäerlech Mataarbechterin vum Joseph Wresinski. De Perkussionist Paul Mootz mécht eng Interventioun a bedeelegt sech un der Debatt. Dobäi geet et ëm d’Roll vun der Kultur bei der Bekämpfung vun der Aarmutt. D'Konferenz ass op franséisch, eng Iwwersetzung op Lëtzebuergesch ass virgesinn.

All dës Manifestatioune si gratis, mee aus organisatoresche Grënn biede mir d’Leit, sech fir de Vernissage, fir d’Feier vum 17. Oktober a fir d’Konferenz unzemellen, iwwert de Mail : 17octobre@atdquartmonde.lu oder tel: 43 53 24 20.All dës Manifestatioune si gratis, mee aus organisatoresche Grënn biede mir d’Leit, sech fir de Vernissage, fir d’Feier vum 17. Oktober a fir d’Konferenz unzemellen, iwwert de Mail : 17octobre@atdquartmonde.lu oder tel: 43 53 24 20.