Dem FC Avenir Beggen seng Online-Communautéiten www.wichtelweb.net, http://www.facebook.com/avenirbeggen an http://www.twitter.com/avenirbeggen
organiséieren e Fans-froe-Spiller-Interview. Mir ginn iech d'Chance är Froen un de Beggener Banneverdeedeger Guillaume Durao eranzeschécken. Dës Froe ginn da sortéiert an zu engem Interview zesummegestallt an de Guillaume Durao wäert méi spéit doropper äntweren.
All d'Froen déi erakommen an déi ënnerschriwwe sinn, kommen an eng Auslousung an där dräi Nimm wäerte gezu ginn. Dës dräi Leit kënne folgend Präisser gewannen: 1.Präis e Schal vum Avenir Beggen, 2.Präis eng Mutz vum Avenir Beggen an als 3.Präis e Schlësselband vum Avenir Beggen. Dëse Concours leeft bis de 17.Februar nach mat.
E puer Conditioune mussen awer erfëllt ginn: d'Froe mussen op Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch oder Franséisch gestalt ginn an op der Wall vu http://www.facebook.com/avenirbeggen gepost ginn oder dir kënnt se och op http://www.twitter.com/avenirbeggen stellen. Keen anere Wee gëtt akzeptéiert (E-Mail, PM, etc...) D'Froe musse mat Vir- an Familljennumm ënnerschriwwe sinn, an d'Uertschaft an där dës Persoun lieft, déi d'Fro stellt, muss och enthale sinn.
Mir wënschen Iech vill Spaass an hoffen natierlech op eng grouss Participatioun!
[ Quell: www.wichtelweb.net ]
http://twitter.com/avenirbeggen
http://www.facebook.com/avenirbeggen