Hueschtert steigt zu Beggen an d'BGL-Ligue

D'US Hueschtert huet d'Sensatioun gepackt an huet den FC Wolz 71 am Elefmeterschéissen matt 6-4 bezwongen an domatt steigen sie fir d'éischt an hierer Veräinsgeschicht an d'BGL-Ligue.

Iwwer wäit Strecken gouf denen iwwer 1300 Supporter zu Beggen an der Dunant-Strooss more Futtballkascht gewisen. An der éischter Halschent haten déi Gréng-wäiss offensiv quasi näischt Opweises. An engem zerfuerenen a schwaache Match hun d'Wëlzer Spiller sech dacks ze eegensënneg gewisen an doduerch sinn och fir sie kaum Chancen erausgesprong. Nom Téi sollt et net vill besser ginn, mä Wolz hunn sech elo eppes méi entschloss gewisen an esou kruten d'Zuschauer endlech e puer Goalchancen an och e puer schéi Spillzich ze gesinn. Eng Féierung fir Wolz wier an dëser Phase net onverdéngt gewiescht, mä matt Gléck a Geschéck konnt Hueschtert nach eng oder zwou Konterattacken erausschloen an sech an d'Verlängerung retten.

Och do war Wolz optësch iwwerléen. Wéi dunn no 111' de fréiere Beggener Aldino Medina no Meckeren matt glat rout vum Terrain geflunn ass, huet ee gemengt dat wier dann den entscheedenden Avantage fir Wolz. Mä deem sollt guer net esou sinn: An der 116.' war et den Adis Omerovic, deen no engem eklatante Fehler an der Wëlzer Hannermannschaft de Ball konnt iwwer de Keeper zum 1-0 lobben. Mä domatt sollt et net duergoen: nëmmen 3' méi spéit konnt Wolz duerch den Amel Cosic ausgläichen an et ass an d'Elefmeterschéissen gaangen. Hei konnt Hueschtert sech matt 5-3 duerchsetzen, grad de beschte Goalgetter vun dëser Saison aus der BGL-Ligue, den Sanel Ibrahimovic huet de Ball un de lénkse Poteau gesat an de leschten Elefmeter huet de Rudy Marchal eragesat esou datt Hueschtert opsteigt.

E grousse Merci geht awer och vum Avenir Beggen un déi vill Leit, déi haut an de Buvetten, beim Grill an der Keess an als Offizieller gehollef hunn, datt trotz de ville Ausfäll vu Leit, déi normalerweis eng Hand upaken, och genuch Fräiwëlleger sech fond hunn, fir esou e grousse Match anstänneg iwwer d'Bühn ze kréien. Dat mecht Mut fir d'Zukunft!

[ Source: www.wichtelweb.net ]