Lëtzebuerg-Belair.
Kierzlech ass am Home Pour Personnes Âgées Sacré-Coeur um Belair gefeiert ginn.
D’ Direktioun ’s Equipe huet den Bewunner déi an den Méint Oktober, November an Dezember Gebuertsdag hatten, alles Guddes gewënscht. Mat engem Glas Cremant ass op Gebuertsdagskanner ugestouss ginn an hinnen gouf eng kleng Opmierksamkeet iwwerreecht.
Bei flotter Danzmusek an engem gudden Maufel ass mat den Bewunner an hirer Famill bis an den Owend eran gefeiert ginn.
Folgend Bewunner sinn geéiert ginn:
Här Pisani Ernest (81), Madame Bintz – Lehners Katharina (84), Madame Koch Victorine (84), Här Schweitzer Francois (87), Madame Hollerich – Wester Marie-Anne (87), Schwëster Heinisch Marthe Marie (88), Här Ewen Nicolas (89), Schwëster Majerus Elisabeth (89), Här Biwer Robert (90), Madame Reding – Christian Gertrude (91), Här Godar Francois (93), Här Kerschen Ernest (96), Madame Hurt Georgette (96), Madame Schmit-Tartière Ginette (98)