Label de bientraitance fir de CIPA REWA

De CIPA Résidence Op der Waassertrap vu Bieles huet als éischt nationaalt Haus an och als éischt internationaalt Haus de franséische Label de bientraitance „Humanitude“ kritt. Dëse Label steet dofir, datt de CIPA REWA probéiert senge Bewunner, egal wéi schwaach si sinn, déi bescht méiglechst Liewensqualitéit ze bidden.

2014 huet de CIPA REWA ugefaangen sech fir d’Humanitude ze engagéieren andeems déi éischt Mataarbechter eng Formatioun kruten. Mëttlerweil huet de CIPA praktesch all seng Mataarbechter, egal op aus der Fleeg oder engem anere Service, forméiert an huet och an alle Beräicher Referenten, déi dofir suergen, dass d’Philosophie applizéiert gëtt.

D’Philosophie vun der Humanitude baséiert op 5 Prinzippien :

· “Zéro soin de force, sans abandon de soin” : Keen Bewunner soll zu eppes gezwonge ginn. D’Personal vum CIPA REWA passt sech un dem Bewunner seng Gewunnechten un, probéiert hien ze motivéieren an ze stimuléieren. D’Personal ass just do fir eng Hand mat unzepaken, mee soll näischt am Plaz vum Bewunner maachen.

· “Respect de la singularité et de l’intimité” : A senge 4 Wänn, déi de Bewunner no sengem Goût kann dekoréieren, ass hien doheem, an dat gëtt vum Personal respektéiert. Seng Eenzegaartegkeet, seng Intimitéit a säi Schlofrhythmus gi vum ganze Personal respektéiert.

· “Vivre et mourir debout” : Déi senkrecht Haltung an d’Fäegkeet selwer ze trëppelen, spillen eng wichteg Roll am CIPA REWA. Laut der Humanitude, kann eng eeler Persoun duerch mindestens 20 Minutten trëppele pro Dag vermeiden, fir bettlägereg ze ginn. All Bewunner kritt säin eege Beweegungsprogramm opgestallt mat Objektiver, wou d’Personal him hëlleft ze erreechen.

· “Ouverture vers l’extérieur” : De Bewunner ass fräi de CIPA ze verloossen. De CIPA ass en oppent Haus a well seng Bewunner um Alldagsliewen deelhuele loossen ënner anerem duerch och reegelméisseg Ausflich oder Vakanzen esouwéi Fester an Eventer.

· “Lieu de vie, lieu d’envies” : Am CIPA REWA sollen d’Bewunner nach Freed um Liewen hunn. All Dag ginn eng sëllegen Aktivitéiten ugebueden. Ausflich a Restauranten, a Butteker, op Mäert, op d’Fouer, a Parken, an d’Schwemm, asw. gi reegelméisseg ugebueden. Den Assistenzhond Mozart an d’Hauskaz Willi sinn ëmmer do fir de Bewunner e Laachen an d’Gesiicht ze zauberen.