Spendenaktioun a Scheckiwwerreechung am Lycée Bel-Val

D’Chrëschtfeier am Lycée Bel-Val war dëst Joer ganz anescht wéi gewinnt. Dat grousst Fest mat Stänn a ville Leit am Hall konnt dës Kéier coronabedéngt net stattfannen. Amplaz hat all Klasse d’Méiglechkeet eegen Aktivitéiten am Klassesall ze maachen. Et goufen Adventskränz, Bijouen an all méiglech Dekoratiounen gebastelt, Chrëschtbeemercher gerëscht, avm. Vill vun dësen Aktivitéiten ware fir de gudden Zweck, well déi hiergestallten Objeten si verkaaft ginn an d’Suen, déi esou erakomm sinn, sinn u verschidden karitativ Associatiounen gespent ginn.

Sou konnten am Dezember a Januar gläich e puer Scheckiwwerreechungen stattfannen: Caritas, d’asbl Abya Yala, Association de l’aide à l’Enfance an de Lions Club Esch hunn duerch des Spendenaktioun d’Méiglechkeet Mënschen zu Lëtzebuerg an an der Welt ze hëllefen.

Eise Merci geet un eis Schüler, déi des Spendenaktioun aktiv ënnerstëtzt hunn.