Spent un Ukrain vum LGS Gruppe Bieles Zolver G-D Jean

De 5 Mäerz 2022 war dat traditionellt Buergbrennen um Bieleser Gaalgebierg vun deem neie Guiden a Scoute Fusiounsgrupp Grand-Duc Jean Bieles Zolwer. Dëst Fest war wei all Joer en groussen Erfolleg a vill Leit hunn dee Wee op Bieles fonnt fir esou wei Traditioun et verlaangt déi grouss Buerg unzefänken an domadder de Wanter ze verbrennen.

De Guiden a Scoutsgrupp hat am Virfeld vum Fest decidéiert en Deel vum Erléis fir Ukrain ze spenden. Dobäi koume € 1500 zesummen déi kuerz drop un World Scout Foundation iwwerwise goufen, déi am ganze schonn iwwert € 300 000 un spende krute fir Leit an der Ukrain an aus der Ukrain flüchtent mat deem néidegsten ze versuergen. De Grupp Grand-Duc Jean hofft mat dëser Spend en Deel dozou bäizedroen de Krich sou séier wie méiglech am Wuel vun der Ukrain ze beendegen an ënnerstëtze weiderhin déi ukrainesch Guiden a Scouten.