Club Aktiv Plus Réiserbann feiert 25 Joer
um weitere Bilder zu sehen.
25 Joer Club Eist Heem / Club Aktiv Plus Réiserbann
Am Joer 1999 gouf op Initiative vun der Proxicom asbl, zou dëser Zäit vertrueden duerch d’Grënnungs- a Komiteesmemberen Pierrette FERRO-RUCKERT, Präsidentin, Francis KLEIN, Vize-Präsident, René BALLMANN, an Dan CAPESIUS, Sekretären, Edy REDING, Kässier, Marcel DONDELINGER, Camille SCHLECK an Arthur SINNER, Memberen, de Club Eist Heem gegrënnt.
D’Gebai an dem mir och haut nach eise Sall hunn war ufangs fir e “Foyer de Jour pour personnes âgées“ virgesinn, wou zu deem Zweck och um Rez-de-chaussée opwendeg Ariichtungen installéiert goufen, fir daagsiwwer eeler a fleegebedierfteg Matmënschen opzehuelen an esou déi betraffe Famillen ze entlaaschten. Allerdéngs huet de Familljeministère d‘Standuerter wärend der Bauphase vum Gebai nei definéiert an no enger Entrevue mat der deemoleger Familljeministesch Marie-Josée JACOBS de 05. November 1998 gouf gemeinsam decidéiert e “Club Senior” mat hirer Ënnerstëtzung ze grënnen, wou d’Gemeng Réiser eng vun deenen éischte war fir esou eng Konventioun ofzeschléissen. 1999 war och d’internationaalt Joer vun den eeleren Leit an esou konnt de Club Senior, an Dënschdes d`Frënn vum 3. Alter ( deemools Amiperas) an dësem Sall d’Dieren fir hier Aktivitéiten opmaachen, wärend um Rez-de-chaussée fir bestëmmten Zäit der ALA verlount gouf.
De Büro vum Club war laang Joren am Gebai vis-à-vis ënnerbruecht. 2017 huet schliisslech d’Gemeng den Neibau vum Büro op der Terrass initiéiert an dat war fir d’Ekipp eng wesentlech Erliichterung fir d’Organisatioun vun der Ekipp no bei den Aktivitéiten am Sall. Doduerch ass d’Team vill besser am Kontakt mat hiren Participant’en a Froen kënnen op kuerzem Wee gekläert ginn.
No Wiesselen am Comité mam Léonie Klein-Hoffmann als Presidentin, huet 2017 huet och eng bal nei Ekipp de Comité vun der Proxicom asbl ënnert der Leedung vum Egide Urbain als President iwwerholl. Mat vertruede si Catherine Jezek, Vizepresidentin, Bob SERRES, Kässier a Memberen sinn René BALLMANN, Nicole DEMUTH-METZLER an Tom JUNGEN.
D‘Ekipp huet sech am Laf vun de leschte Joren verännert, zum engen duerch e Chargée-Wiessel 2012 an ënnert anerem och doduerch, dass mir zwee mol eng hallef Tâche vum Familljeministère méi accordéiert kruten an domat haut bei 3,875 ETP’en leien, déi vu 6 Mataarbechterinnen an Mataarbechtern ausgefëllt ginn.
Zanter 21 Joer gëtt et ënnert der Leedung vum Guy Quintus eng gutt funktionéierend Nordic Walking-Ekipp. D’Coursen a Kollaboratioun mat Fit Reiser an der Gemeng Réiser lafen och mat Zumba Gold zanter Joren mat guddem Zousproch.
Zanter 11 Joer gëtt et en aktive Benevolat, de sech vun ufänglechen Hëllefen an der Kichen a beim Zerwéieren zou enttëschend 30 Benevollen entwéckelt huet, déi reegelméisseg eis Broschür mat apaken, beim Mëttesdësch hëllefen, Begleedung an Organisatioun vun Aktivitéiten, de Basar am Club a fir de Chrëschtmaart mat flotten Iddien beräicheren. Doduerch kënne mir all Joer sozial-engagéiert Initiativen mat engem Don ënnerstëtzen.
D’Aarbecht am Team verännert sëch kontinuéierlech. Geselleg Aktivitéiten gi grouss geschriwwen. D’Themen vun eiser Zäit wéi mental Gesondheet, Virbereedung op d’Pensioun, Digitaliséierung, Vermeidung vun Isolatioun sinn e puer Sujet’en, déi fortlafend an eiser Broschür ze fanne sinn. Iddien vu Participant’en gi gär opgegraff a stellen mat den Iddien aus der Ekipp en ofwiesslungsräichen Programm duer.
Vill Kollaboratiounen am soziale Reseau an an der Gemeng Réiser stäipen eise Programm, dorënner d’Zesummenaarbecht mat de Frënn vum drëtten Alter, der Internetstuff vum CIGL, der Sozialkommissioun, der Integratiounskommissioun, Fit Réiser a villes méi sinn hei ze nennen.
Eng Participatioun am Kader vu Gemengenaktivitéiten wéi dem Ouschterhues op der Spuer, der Nuit des sports, Kultur am Klouschtergaart an dem Chrëscht- a Wantermaart erfreeën si feste Bestanddeel vum Club-Programm.
Am Joer 2024 gouf déi laangjäreg Iddie vun enger Fusioun mam Jugendhaus Bierchem am Kader vun dem neien ASBL-Gesetz ëmgesat. Den Numm „Eist Heem“ gouf bei dëser Geleeënheet a „Club Aktiv Plus Réiserbann“ transforméiert. Domat schléisse mir eis der nationaler Embenennung vu „Club Senior“ a „Club Aktiv Plus“ un.
D’Visioun en aktiven Deel fir a mat eelere Persounen am Gemengeliewen vun der Gemeng Réiser ze bleiwen, gouf domat eendéiteg confirméiert.
Bierchem, den 5. Juni 2025
René Ballmann, Grënnungsmember
Bettina Fries, Chargée de direction Club Aktiv Plus Réiserbann