Iwwerreeschen vun neien Trikoten an Trainingskostümber beim DT Berdorf 1962

Den DT Berdorf war houfreg vill Spiller an Spillerinnen ze begréissen fir d'Iwwerreeschen vun den neien Trikoten an Trainingskostümer, déi hinnen vun verschidden Sponsoren zur Verfügung gestallt goufen.

Den President Pierrot Poos huet all deenen Leit Merci gesot, déi dozou bäigedroen hunn, dass den Veräin senge Spiller déi nei Kleedung haut konnt iwwerreeschen.

Leider huet heen awer bei der selweschter Geléenheet déi traureg Nouvelle vum Dout vum fréieren President Pierre Muller matdeelen. Fir heen gouf eng Gedenkminutt ageluecht.

Zum Schluss huet den Veräin dunn awer nach op e Patt fir all d'Gäscht invitéiert .