Marche Gourmande 2016

Bei herrlichem Wieder konnten d'Harmonie Berdorf an Pappen a Männer vun der Gemeng Bäertref iwer 750 Leit bei hierer 6. Marche Gourmande verwinnen. 0p 6 verschiddenen Siten, wou iwer 80 Memberen a Frënn gehollef hun, goufen d'Participanten mat 7 Gäng bekäschtecht.
Desweideren gouf et eng Tombola wou ënner anerem en E-Bike, gesponsort vum Trisport vun Iechternach, am Wert vun 1999 € verspillt gouf. Glecklechen Gewënner war den Serge Lakaff vun Eiter.
Nach en groussen Merci un all déi die dozou bei gedroën hun, fir datt eis Marche Gourmande erem en groussen Erfolleg war!