Familljentreffen

17
Aug
2026
17 Aug
default

Mat vill Freed a gudder Laun sin se zesummekomm,

d' Nokomme vum Joseph Nols an Hélène Baltus hu sech den 12. Juli 2026

am Parc Hotel Alvisse fir e gemittlecht Zesummesetzen getraff.

Et gouf vill erzielt, gelaacht, Erënnerungen opgefrëscht, sech nei kennegeléiert, déi méi jonk Generatioun hat hire Spaass op der Keelebunn

a fir e gutt Iessen war natierlech och gesuergt.

D' Famill Nols zielt 132 Nokommen an dovu waren der 79 dobäi.

Beim Äddi soen, gouf sech virgeholl des Treffen bäizebehalen, well ëppes wat Freed a Spaass mécht soll een net opgin.

Foto: Patrick Halsdorf

Text: Alice Bettendroffer - Nols