Kannerfuesdisco den 23. Februar zu Biereng

De Mierscher Basket invitéiert wéi all Joer all d’Kanner aus der Gemeng an doriwwer eraus an hier Elteren op hier traditionell Kannerfuesdisco.

Kommt all e Sonnden, den 23. Februar op Biereng an d’Hal Irbicht an hutt vill Spaass mat Musek a Spiller.

Fir Iessen an Drénken ass gesuergt, Stëmmung ass garantéiert.
Zwee professionell Clownen halen iech mat flotte Spiller an Dänz op Trap. En Flott Tombola mat ville Gewënner waart op iech.

Ufank vun dësem flotten Nomëtteg ass um 3 Auer a gefeiert gëtt bis 6 Auer.