Schouljoergäng 1957 bis 1968, fréier Bierenger Primärschülerinnen a -schüler hu sech de 4. Oktober mat hiren deemolegen Schoulmeeschtere Léon Bley a Carlo Schiltz op ee Konveniat getraff. D’Organisatioun haten de Claude a Guy Bettendroffer an d’Jacqueline Fellens iwwerholl. Den Interessi war grouss bei enger Fotosausstellung mat Biller aus aler Zäit, déi de Claude Bettendroffer an de Romain Krier zesummegestallt haten. Genausou wéi bei engem Film vum viregte Konveniat, gefilmt a geschnidde vum Carlo Schiltz. Beim Owesiessen am Restaurant A Guddesch hunn d’Bierenger aus de Schouljoergäng 1957 bis 1968 hire verstuerwene Komerodinnen a Komerode geduecht. De Wonsch bleift bestoen, en nächsten Konveniat ze organiséieren.