Benevolatsfeier vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung

De 04. Februar 2020 hat de Verwaltungsrot vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung déi Benevolle, zesummen mat de Mataarbechter vun der Bieschbecher Atelier s.à.r.l., op eng kleng Feier zu hiren Éieren an d’Blannenheem op Rolleng invitéiert.

Déi benevolle Mataarbechter krute Merci gesot fir hiert grousst Engagement, hir wäertvoll an exemplaresch Ënnerstëtzung an den Aktivitéiten vun der Fondatioun mat hire verschiddenen Servicer, a fir hiren onermiddlechen Asaz op de Fester, de Manifestatiounen an am Déngscht vun deene blannen a sehbehënnerte Lett.

A flotter Ambiance an a Presenz vum President, dem Här Paul Ensch an dem Directeur Général, Dr. GRÜN Jean-Paul, kruten bei dëser Geleeënheet och d’Mataarbechter vum Bieschbecher Atelier,an engem klenge Réckbléck op en erfollegräicht Jar 2019, Merci gesot.

Bei dëser Geleeënheet gouf d’Mme Violaine Dunkel fir 10 Jar gutt an trei Déngschter geéiert.

www.flb.lu