Merci un d'Benevoller

De 19. März hat de Conseil vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung hir benevole Mataarbechter op eng kléng Feier invitéiert fir hinne merci ze soën fir di wertvoll Aarbecht, déi si am Laf vum leschte Joer am Dingscht vun der Fondation geleescht hunn. De President Paul Ensch huet sie mat passende Wieder fir hiren Asaz gelueft, an och d’Wichtegkeet vun hiren Asätz ervirgestrach. Hien ass op noutwendeg Investissementer agaangen, déi ënnert aneren an nächster Zukunft ufalen, wéi z.B. den Aus- respektiv Ëmbau vun der Kichen, en neien Internetsite, deen de Leit all Informatioune iwwer eis Fondation gëtt, sou wéi och den neie Logo vun der Fondation deen hir fënnef Departementer, (de Cipa Blannenheem, de Bieschbecher Atelier, d‘Maison Relais Bieschbech, de BBF, an d’Audio-Bibliothéik) vereent. All dës Investissementer kaschte vill Geld, wat zum Deel duerch den Asaz vun de Benevoller erschafft gëtt. E gudde Maufel an e Patt hunn dee flotten Owend ofgerënnt.