Préizerdauler Schoulkanner ganz aktiv am Bësch


Préizerdaul: Zesummen mam Fieschter Mike van Rijen a sengem Team, dem Léierpersonal vum Cycle 4 aus dem Préizerdaul, an am Kader vun der Nohaltegkeet hun si alleguerten en interessanten a lehrräichen Dag „op der Haardt“ am Bësch verbruëcht. Moies sin ronn 400 Bichen- Eechen an Ahornsträicher gepflanzt gin. Wéi ee Bam fachgerecht a professionell ëmgeluecht gëtt, konnten d’Schüler och life materliewen. Mat interessanten Beispiller wéi e richtig planzt an och wéi een engt Schutzgitter ronderem di jonk Planzen setzt a wéi de Borkenkäfer sech ënnert der Schuel vun den Beem wuel fillt an och vill Schued uriicht, ass bei alle Schüller op grousst Interessi gestouss. Géint Mëtteg huet jiddereen eppes guddes vum Grill zervéiert kritt wou och de Buergermeeschter Marc Gergen mam Schëfferot an de Komitee vun der Nohaltegkeet aus der Gemeng Préizerdaul ganz positiv iwerrascht waren vun der flotter Aktioun mat de Schoulkanner an duefir och jidderengem villmols Merci gesoot hun. (CR) (Foto: Charles Reiser)